23/12/2024
Léif Leit, hei wieren dann elo d'Fotoe vun de Saachen, déi nach iwwreg sinn (mat weideren Präisreduktiounen) 🙂
⚠️ INFO: An den nächste Wochen aktualiséieren ech dëse Beitrag ëmmer rëm, andeems ech Fotoe raushuelen oder neier dobäisetzen (falls Leit hir Meenung zu reservéierte Saache änneren).
Et sinn och nach Dekoluuchten aus eegener Hirstellung dobäi 💡💖
Wéi gesot, all Präisser si verhandelbar. Also zéckt net, bei mir nozefroen, wann Iech eppes gefält. Mir ginn eis bestëmmt eens 🍀😊
Wann Dir wëllt laanscht kommen, rufft mech un um Nummer 691 551 444, da maache mer ee R-V aus.
Denkt w.e.g. drun, dass et net méiglech ass, mat der Kaart ze bezuelen. Et ass nëmme cash oder per Iwwerweisung méiglech.
Ech wënschen Iech all schéi' Feierdeeg an e glécklecht a gesond neit Joer 🍀✨💖 Deemnächst gesi mir eis da vläicht, wa mir musikalesch mat WA-TA TOUILLE ënnerwee sinn 🥰🎶💖