04/09/2026
🔧 NEI TECHNIK. NEI ERAUSFUERDERUNGEN. ENG NEI GENERATIOUN
An den 1990er Joren an um Ufank vun den 2000er huet sech de Fahrzeugbau staark verännert. 🚛 D’Opbaute goufen ëmmer méi komplex, d’Technik méi usprochsvoll an d’Léisunge fir eis Clienten ëmmer méi individuell.
Gläichzäiteg ass och eis Ekipp gewuess: 28 Mataarbechter waren zu dëser Zäit an eisem Atelier engagéiert a konnten ëmmer méi grouss an technesch komplex Projeten ëmsetzen. 👨🏭🔧 2004 koum dunn déi nächst Generatioun an de Betrib: Den Daniel Roemen, Jong vum Marie-Jeanne a Roger Roemen, ass an d’Familljenentreprise erakomm. 👨👩👦
De weideren Ausbau mëscht Plaz fir déi wuessend Nofro un eisen Opbauten a Servicer. Eng modern Sandstrahlkabin hält den Atelier propper a weider Maschinne fir Holz a Metallveraarbechtung, wéi och Pressen an der Hydraulik suerge fir een ëmfangräiche Service 🔧
Mat enger staarker Ekipp, vill Erfarung an neien Iddie war de Betrib prett fir déi nächst Etapp vu senger Geschicht. 🚀