18/11/2025
🇱🇺 D’Criterium Néckel Koob asbl ass och bei der Bamplanz Challenge dobäi! Mir soen der Chez Mani asbl villmools Merci fir d’Nominatioun. 🌳
De Joe Matgen (trésorier), Egide Thill (secrétaire) an Edy Graf (président) hun dann haut de metten bei sonnig-kalem Wieder onse klenge Beemchen geplanzt, an die kann elo wuessen.
👉 Mir nominéieren den Autosmusée CNVH vun Dikrech, d'Kaarten Kritzeler an d'AFVA asbl a wënschen hinne vill Spaass mat dëser Erausfuerderung. Dir hutt elo 72 Stonnen, fir e Bam ze planzen. Wann nit da komme mir iessen an drenken op är Käschten.
All zesummen fir onse Planeit 🙂